Eng éischter Kéier zanter Mëtt Mee wier d'Zuel iwwer 1.000 geklommen, mellt d'BBC.

Parallel ass d'7-Dages-Inzidenz nees op ronn 49 geklommen, nodeems se wochelaang knapp iwwer 20 louch.

Wëssenschaftler schwätze vum Ufank vun enger drëtter Coronawell déi wuel op déi méi ustiechend Virusvariant Delta aus Indien zeréckzeféieren ass. U sech sollten den 21. Juni zousätzlech Restriktiounen opgehuewe ginn. Ma de Premier Boris Johnson huet sech an der Lescht éischter zeréckhalend gewisen.

Lobbysverbänn an ënnert anerem Vertrieder aus dem Kultursecteur maachen awer Drock, datt méi op geet. D'Decisioun soll e Méindeg annoncéiert ginn. Antëscht si 54% vun den erwuessene Britte komplett géint de Covid geimpft a méi wéi 77% kruten hir éischt Dosis. Allerdéngs ass de Schutz géint déi indesch Delta-Variant no der éischter Sprëtz awer manner héich.