Zu senge bekanntste Projeten zielt den Hans-Otto-Theater zu Potsdam an d'Ditib-Zentralmoschee zu Köln.

Wéi den Architektebüro vu sengem Bouf Paul Böhm matgedeelt huet, ass hien am Alter vun 101 verscheet. De Gottfried Böhm war bekannt fir seng monumental Beton- a Sakralbauten.

Säi bedeitendst Wierk ass de Mariendoum zu Velbert-Neviges. 1986 gouf hie mam renomméierte Pritzker-Präis ausgezeechent.

Och zu Lëtzebuerg war den däitschen Architekt um Bau vun 2 Gebaier bedeelegt. Eng Kéier d'Verwaltungsgebai vun der Däitscher Bank um Kierchbierg (1987-1991) an déi aner Kéier d'Verwaltungsgebai vun der Arbed zu Esch/Uelzecht (1990-1994).

Hien hannerléisst 3 Jongen.