Fir reliéis Traditiounen, Fuerschungs- a Bildungszwecker soll dëst Verbuet allerdéngs net gëllen.

A Kraaft triede soll d'Verbuet an engem hallwe Joer. Déi international Anti-Pelz-Allianz schreift op Facebook vun engem historeschen Dag, engem "ethesche Präzedenzfall".

D'Ausnam fir Ultraorthodoxer an hir Mutzen aus Fell kënnt allerdéngs net iwwerall gutt un. Sou zum Beispill bei der Society for Prevention of Cruelty to Animals in Israel (SPCA). Hinnen no wier de Kampf nach net eriwwer, soulaang Ultraorthodoxer weider Pelz fir hir Mutze benotzen dierfen, sote si am Gespréich mat der "Jerusalem Post".

Uechter d'Welt hu schonn e puer Länner de Pelzhandel zum Deel verbueden. Dorënner Lëtzebuerg, Éisträich, Tschechien, Japan, Kroatien oder och Serbien, zielt d'Peta op hirer Internetsäit op. Donieft ass a ville grousse Stied wéi Los Angeles oder San Francisco de Verkaf vu Pelz net erlaabt. 2023 wëll Kalifornien en entspriechend Gesetz am ganze Bundesstaat aféieren.

Besonnesch beléift an der Pelzindustrie ass den Handel mat Wäschbieren, Marderhënn, Kanéngercher oder och Chinchillaen.