De Kardinol Marx ass Äerzbëschof vu München a Freising. Hien hat säi Récktrëtt ugefrot, deen elo vum Chef vun der kathoulescher Kierch refuséiert gouf.

De Reinhard Marx wollt mat sengem Schratt eng "Matverantwortung" fir déi "Katastroph u sexuellem Mëssbrauch" duerch wichteg Leit an der kathoulescher Kierch iwwerhuelen.

RTL

De Kardinol Reinhard Marx ass zanter 2008 Äerbëschof vu München. / © AFP