D'Ex-Familljeministesch Franziska Giffey kritt hiren Doktertitel oferkannt. Dat huet de Verwaltungsrot vun der Freien Universität Berlin matgedeelt.

D'Freie Universität Berlin hat schonn 2019 eng zweet Iwwerpréiwung vun der Aarbecht duerchgefouert a war deemools zur Conclusioun komm, dass d'Ministesch hiren Titel kéint behalen. Ma d'Prozedur gouf dunn 2020 nach eemol lancéiert, wouropshin d'Franziska Giffey matgedeelt hat, se géing hiren Titel net méi benotzen, onofhängeg vum Resultat.

Um Donneschdeg huet d'Freie Universität Berlin matgedeelt, datt d'SPD-Politikerin hiren Doktertitel oferkannt kritt. De Verwaltungsrot huet dës Decisioun eestëmmeg geholl. Wéinst der Affär war d'Franziska Giffey am Mee scho vun hirem Posten als Familljeministesch zeréckgetrueden.