De Mann, deen de franséische President Emmanuel Macron wärend enger Visitt geschloen hat, gouf zu 18 Méint Prisong verurteelt, dovu 14 op Sursis.

D'Dot wier "absolut net ubruecht" gewiescht a war "virsätzlech", sou de Procureur Alex Perrin an der Erklärung zum Urteel. Géint den 28 Joer alen Damien T., de presuméierten Auteur vun der Dot, gouf en Haftbefeel ausgeschwat.

Hie war den Autoritéiten nach net bekannt an huet verschidde Personnagen aus dem rietsextreme Spektrum op de soziale Reseauen suivéiert.

Den Damien T. huet ausgesot, hien hätt seng Onzefriddenheet mam Macron senger Politik wëllen zum Ausdrock bréngen. Hien hätt deen Dag instinktiv gehandelt, ouni nozedenken.