Et gouf eng bilateral Charta ënnerschriwwen, déi e Verdeedege vun der Demokratie an den Opbau vu fairen, nohaltegen, globalen Handelssystemer virgesäit.

Aner Punkte sinn nei Gefore wéi Cyberkriminalitéit, Klimawandel a Pandemie.

De G7-Sommet vu groussen Industriestaaten um Freideg an England ass déi nächst Statioun vum amerikanesche President Biden senger Europa-Tournée, déi e Mëttwoch op en Ënn geet, dat mat enger Entre-Vue mam russesche President Putin zu Genf.

D'G7-Staaten hunn an der Nuecht op e Freideg scho festgehalen, datt si aner Länner wëllen op d'mannst eng Milliard Impfdosissen zur Verfügung stellen.

E Freideg war den Optakt vum Grupp 7, also de G7 am brittesche Cromwall. Bei dësem Sommet treffen sech all Joer déi 7 Länner mat deene gréissten avancéiert Ekonomien, wéi et an der Definitioun heescht. Bis e Sonnde lafen d’Gespréicher.

Aktuell sëtzt sech de G7 aus Kanada, Frankräich, Däitschland, Italien, Japan, dem Vereenegt Kinnekräich an den USA zesummen. Ënnert sech sinn déi 7 Staats -a Regierungscheffe awer trotzdeem net ganz. Och Vertrieder vun der Europäescher Unioun an Invitéeën aus Indien, Südkorea, Südafrika an Australien sinn dobäi.

Haaptthema op der Agenda dëst Joer ass d'Promouvéiere vun engem méi staarke globale Gesondheetssystem, deen d’Mënschen an Zukunft besser viru Pandemië schütze kann. Den amerikanesche Präsident Joe Biden hat och schonn am Virfeld vum Sommet annoncéiert, datt d'USA géing 500 Millioune Corona-Impfstoffdosissen a méi arem Länner schécken.  Als groussen Duerchbroch war och scho virum Sommet geféiert ginn, datt d'Finanzminister vun de Memberstaaten sech an engem Ofkommes dorop festgeluecht hunn, eng Minimalsteier vu 15 Prozent fir Multinationalen duerchzesetzen. Ma och de Klimawiessel an Handelsfroe stinn op der Agenda, a wéi sech de Grupp par Rapport zu China a Russland well positionéieren.

Dacks gëtt de G7 awer  kritiséiert wëll déi bevëlkerungsräichst Länner China an Indien net géinge mat um Dësch sëtzen. Sou huet och nach e Freideg de Mëtten en Diplomat aus China Washington virgeworf Diplomatie a klengem Krees ze maachen. Decisiounen déi de G7 hëlt, kënnen awer trotz aller Kritik weltwäiten Effeten hunn. Sou zum Beispill beim Opstelle vun engem globale Fonds 2002 fir géint Aids a Malaria ze kämpfen.