Mat der Pandemie ass et ëm déi weltwäit vu Schüler organiséiert Klimastreike méi roueg ginn. Elo ass et eriwwer mam "Homeprotest" fir d'Greta Thunberg.

Déi schwedesch Klimaaktivistin ass zeréck op hirer Protest-Plaz virum schwedesche Parlament zu Stockholm. Mam Schëld "Skolstrejk för klimatet" (Schoulstreik fir d'Klima) am Grapp huet sech d'Greta Thunberg e Freideg mat enger Handvoll Matstreider virum Parlament an der schwedescher Haaptstad versammelt.

D'Biller huet déi 18 Joer al Schülerin op Twitter verëffentlecht a weisen, datt si sech wärend hirem Protest un d'Gestes barrières hält, op der Nues eng Mask mam Logo vu Fridays for Future.

De Freides-Schülerstreik geet domat an déi 147. Woch, sou d'Thunberg. "Mir sinn nees virum Parlament. Awer d'Pandemie ass nach laang net eriwwer, dowéinst wäerte mir eis Zuel esou kleng wéi méiglech halen an eis un déi lokal Reegelen halen."