Virun Teneriffa gouf d'Läich vum 6 Joer jonke Meedche fonnt. Hat gouf zesumme mat senger klenger Schwëster vum Papp matgeholl.

Enn Abrëll goufe béid Kanner op der kanarescher Insel als vermësst gemellt. De Papp hat der Mamm, vun där hie getrennt war, nach e Message geschéckt, fir Äddi ze soen, esou e Spriecher vun der Police.

Den Dag no hirem Verschwanne gouf d'Boot vum Papp eleng op Séi entdeckt. Um Boot gouf dann och de Kannersëtz vum klengste Meedche fonnt, esou datt decidéiert gouf, an dëser Zon alles ofzesichen.

Dobäi gouf en Donneschdeg de Kierper vun der sechs Joer aler Duechter fonnt, datt um Mieresbuedem. Dëse gouf och schonn identifizéiert.

D'Autoritéite sichen awer weider nom Papp an nom Meedche vun engem Joer.