D'Villa La Grange um Séi zu Genf stoung e Mëttwoch am Mëttelpunkt vun der internationaler Aktualitéit.

Do sinn de russesche President Wladimir Putin a säin amerikaneschen Homolog Joe Biden zesummekomm. En historesche Rendez-vous. D'Relatioun tëschent béide Länner ass esou schlecht wéi scho laang net méi.

Um Ordre du Jour stoungen eng ganz Rei méi kriddeleg Sujeten, wéi zum Beispill déi russesch Verstéiss géint d'Mënscherechter an d'Arrestatioun vum Oppositiounsleader Alexej Nawalny, déi massiv russesch Truppepresenz viru Wochen un der Grenz mat der Ukrain, d'Cyberkriminalitéit, nei Ofrëschtungsofkommes an zur Sprooch kommen, dierft och eng Ausso vu virun dräi Méint.

Deemools hat den Joe Biden säi russeschen Homolog e Mäerder genannt. Eng Ausso, déi Konsequenzen hat. Moskau huet seng Ambassadeuren zu Washington zeréckgeruff. Dono hunn d'USA russesch Diplomaten ausgewisen. Moskau huet dat selwecht mat US-Diplomate gemaach an och dem Ambassadeur un d'Häerz geluecht, seng Wallis ze paken.

A genee dorop hu sech den US-President an de russesche Staatschef gëeenegt kritt. D'Ambassadeuren aus béide Länner kënnen nees op Washington, respektiv a Moskau zeréck.

RTL

© AFP

Eppes ass dem russesche President Putin dës Kéier awer net an d'Rei gaangen. Hien huet d'Gewunnecht seng Gespréichspartner op sech waarden ze loossen, eng Strategie fir deem Aneren eng gewëssen Iwwerleeënheet ze demonstréieren. Déi Erfarung hunn an de leschte Jore schonn eng ganz Rei Staats- a Regierungscheffe gemaach. Virun 3 Joer hat den Donald Trump um Sommet zu Helsinki sech bal eng Stonn misste gedëllegen. Am längsten huet awer déi däitsch Kanzlerin op de Putin misste waarden, 2014 waren dat net manner wéi 4 Stonnen a 15 Minutten, ma och bei Rendez-vousen mat der brittescher Queen oder mam Poopst ass de Chef aus dem Kreml ze spéit komm.

Abee zu Genf huet de Protokoll virgesinn, datt de Wladimir Putin fir d'éischt an d'Villa La Grange bruecht gouf, e puer Minutte virum Joe Biden.

RTL

De Reportage vum Dany Rasqué

Et si Biller déi ëm d'Welt gaange sinn: Den Handshake vum Joe Biden a Vladimir Putin, zu Genève, virun der Villa "La Grange", zu engem Ament wou d'Relatiounen tëschent béide Länner esou schlecht ware wéi scho laang net méi. 
Observateuren haten am Virfeld vum Sommet virdru gewarnt, sech ze vill vun de Gespréicher ze verspriechen. 
E minimaalt Ziel war et, datt déi diplomatesch Relatiounen tëschent Washington a Moskau géife relancéiert ginn, en Ziel dat och areecht gouf.

Sommet zu Genève - Reportage vum Dany Rasqué

D'Ambassadeuren aus béide Länner haten am Mäerz respektiv Abrëll hier Aarbechtsplaz verlooss. Dat waren d'Konsequenze vun engem Interview an deem den Joe Biden gefrot gouf ob hie géif mengen, datt de Vladimir Putin e Mäerder wier. Eng Fro, déi den neien US President deemools mat Jo beäntwert hat.

De russesche President huet no de Gespréicher zu Genève als éischt eng Pressekonferenz gehalen, wou en op d'Froe vu russeschen an internationale Journaliste geäntwert huet..... an och präziséiert huet, datt d'Ambassadeuren sech an den nächste Stonnen erëm op de Wee op Washington, respektiv op Moskau maachen. Sproochlech méi liicht ze verstoen, war d'Pressekonferenz vum Joe Biden, géint véierel op 7, nom Wladimir Putin. Keen Zoufall, mä eng kloer Fuerderung aus dem wäissen Haus.

Hien hätt sengem Homolog explizéiert, datt et net gutt fir Russland wier, wann den Oppositiounschef Alexej Nawalny, am Prisong géif stierwen an datt de Respekt vu Mënscherechter eng vun de groussen amerikanesche Prioritéiten ass.

Kriddelege Sujet och d'Cyberkriminalitéit. Den Joe Biden huet virun Attacken op kritesch US Infrastrukture gewarnt a sengem Homolog eng Lëscht mat 16 Zieler ginn, déi fir Hacker Tabu misste sinn. Béid Presidenten hunn och iwwert en Austausch vu Prisonéier geschwat, de Vladimir Putin sot, datt et an där Fro vläicht Kompromësser kéint ginn.

Aner Sujete waren d'Ukrain oder och nach Syrien, wou d'Leit op d'mannst misste mat Iesse kënne versuergt ginn, fir dat se net un Honger stierwen, wéi den Joe Biden sot.

Alles an allem huet d'Situatioun tëschent béide Länner nom Sommet net méi grad sou ugespaant geschéngt. Béid Staatscheffen hu vun enger gudder Atmosphär geschwat. E Sommet, deen duerchaus e Succès gewiescht wier. "Et war wichteg sech perséinlech ze gesinn. Ech hunn dat gemaach, firwat ech hei war", sou den Joe Biden.

Iwwerhaapt ass den Joe Biden relativ zefridden an d'Air Force One geklommen. D'USA hätten der Welt déi lescht Woch iwwer gewisen, datt se erëm do sinn an hiren Alliéierten zur Säit stinn.