E Sonndeg war den éischten Tour vun de Regionalwalen a Frankräich. Wierklech begeeschtert schéngen d’Fransousen net gewiescht ze sinn, fir wielen ze goen.

D’Wal-Bedeelegung loung bei knapps engem Drëttel vun den 48 Millioune Wal-Berechtegten. Trotzdeem kënnegt sech en Debakel fir d’Partei vum President Macron un.

La République en marche gëtt just 5.-stäerkste Kraaft, nach hannert de Sozialisten an de Gréngen.

Stäerkste Kraaft wieren de leschte Resultater no déi Konservativ Les Républicains, als d’Partei vum Ex-President Sarkozy, virum “rassemblement national“ vum Marine LePen, déi mat ronn 19% manner gutt ofschneit wéi erwaart.

Den 2ten Tour ass nächste Sonndeg.

Sondage

Déi nächst Presidentiellen bei eisen Nopere si jo am Abrëll d'nächst Joer.

Zwee Sondagen, déi fir déi grouss Noriichte-Chainen BFM-TV an Radio France duerchgefouert goufen, gesinn do déi Konservativ och vir, bei engem Score vun iwwert engem Véierel vun allen Stëmmen.

Déi riets-populistsch RN ëm d’LePen géif liicht ënner 20% erreechen.

D’Sozialiste kéimen op ronn 17% a wieren 3.-stäerkste Kraaft, an La répuplique en marche kéim just op eppes iwwer 10%.

An de Sondagen goufen allerdéngs nach keng politesch Käpp, mä just d’Parteie bewäert.