Um Méindeg am fréien Owend goufen d'Awunner vun der franséischer Stad eng 230 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech vu staarkem Reen iwwerrascht ginn.

Op Biller an de soziale Medien gesäit een Zeenen, déi un Déifferdeng vum 4. Juni erënneren. D'Stroosse si voller Waasser an dat no villem a staarkem Reen. Vun Journalisten op der Plaz liest een "iondondations monstrueuses" oder och "pluies diluviennes" Bei der Gemeng schwätzt ee vun enger exzeptioneller Situatioun. Op verschiddene Video gesäit een, datt d'Waasser esouguer Autoe matewechhëlt.

E Bilan iwwer Schied oder Blesséierter läit aktuell nach kee vir. D'Rettungsekippen hunn d'Leit opgeruff, doheem ze bleiwen an am Noutfall den 112 ze ruffen. An den éischte Stonne sinn iwwer 100 Uriff agaangen. Haaptsächlech betraff war d'Avenue Jena Jaurés, dat géint 20 Auer. Leit, déi an hiren Autoen agespaart waren, hu misste gerett ginn. Den Daach vum Statarchiv kéint astierzen an Deeler vun der Fileuse stinn ënner Waasser. Fir d'Awunner vun der Jean Jaurés war et déi drëtten Iwwerschwemmung a knapp 3 Wochen. De Buergermeeschter huet elo eng Versammlung mat de Betraffenen ageruff.