Zu Miami ass een Héichhaus mat 12 Stäck an de Koup gefall, d'Ursaach ass bis elo nach onkloer. 159 Persoune ginn nach vermësst.

An den USA ass am Duerf Surfside en Donneschdeg een Héichhaus mat 12 Etagen an de Koup gefall. Zwee Drëttel vum Gebai sinn aktuelle Berichter no zerstéiert ginn.

D'Grënn, wisou et zum Ongléck komm ass, si bis ewell nach onkloer. Wéi vill Mënsche blesséiert oder dout sinn, ass och nach net gewosst, well vill Leit, déi nach vermësst ginn, sech kéinten am Wunnhaus opgehalen hunn. Am Gebai hunn haaptsächlech Leit aus Süd- a Mëttelamerika gewunnt, zum Deel waren awer hei och Vakanzewunnenge verlount.

De President Biden an de Senateur vu Florida hunn annoncéiert, de Famille vun den Affer ze hëllefen, mat Visaen an neie Wunnengen.

D'Rettungsekippe goufen um 1.28 Auer Lokalzäit alarméiert. Ronn 80 Unitéite si mat de Rettungsaarbechten am Gaang. De Beräich ronderëm d'88th Street an d'Collins Avenue ass gespaart.

Beim Gebai handelt et sech ëm d'Champlain Towers South op der Kräizung vun der 88th Street an der Collins Avenue mat méi wéi 100 Wunnengen, 55 dovunner ware vum Ongléck betraff.

D'Sich no méigleche weideren Affer geet weider.