D'Organisatioun vun de Pëtrol-Exportlänner Opec huet decidéiert, d'Produktioun liicht eropzefueren.

Vu Mëtt August u solle 400.000 Barrel méi den Dag produzéiert gi wéi bis ewell. Dat fir der Demande nozekommen, déi sech nom Pic vun der Pandemie erëm ufänkt z'erhuelen.

Am Abrëll lescht Joer waren d'Präisser wéinst der Pandemie staark gefall, dowéinst gouf dee Moment d'Produktioun reduzéiert. Bis Enn Abrëll 2022 soll erëm esouvill Pëtrol produzéiert gi wéi nach virun der Kris, esou d'Previsioune vun der Opec.