Bis e Sonndegowend Lokalzäit sinn iwwer 117.000 Hektar verbrannt. Derbäi kënnt e Feier um Lake Tahoe a Kalifornien, dat ausser Kontroll ass.

Verschidden Uertschaften hu scho mussen evakuéiert ginn.

Ganz dréchent a waarmt Wieder, zesummen mat zolittem Wand hëllefen dann och Meteo-technesch net, fir dat ganzt ënner Kontroll ze kréien.