Dofir reagéieren d’Instanzen elo an der Summervakanz mat nees méi drastesche Mesuren.

Op ëffentleche Plazen, wou een zu méi wéi 50 Leit beienee kënnt, gëllt vun dësem Mëttwoch un de sougenannten "pass sanitaire", also musse een noweise kënnen, dass ee komplett geimpft, geheelt oder negativ getest ass. Anescht däerf ee beispillsweis e Musée oder e Concertssall net méi besichen. An dat gëllt dann elo och fir d‘Touristen.

Ween also dëse Summer plangt, a Frankräich ze fueren, brauch en negativen Test, wann een nach net fäerdeg geimpft ass. Mécht een dat net, riskéiert een eng Geldstrof vu bis zu 1.500 €.

18.000 Nei-Infektioune goufen en Dënschdeg bei eisen Nopere festgestallt. De Santésminister Véran schwätzt mëttlerweil oppe vun enger 4. Well a féiert déi op d’Delta-Variant vum Virus zeréck.

RTL

© AFP/Archiv