Mat där Linn, déi quasi fäerdeg gebaut ass, soll jo russesche Gas ouni Ëmweeër direkt a West-Europa bruet ginn.

Kritiker, notamment d’USA, hu gefaart, dass d’EU sech domadder ofhängeg vu Russland mécht.

Däitschland engagéiert sech elo, fir de Fall dass Moskau seng Energie als politesch Waff géif asetzen, fir souwuel national Mesuren ze ergräifen, an och op EU-Niveau Sanktiounen ze bewierken.

Ausserdeem solle via en neie Fong Projete vun erneierbarer Energie an der Ukrain ënnerstëtzt ginn, fir dass déi manner ofhängeg vu russeschem Gas ginn.

RTL