E fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht DGSI gouf en Donneschdeg virum Strofgeriicht zu Nanterre schëlleg gesprach.

Him gëtt reprochéiert, geschützten Informatiounen am Darknet verkaaft ze hunn. De 35 Joer ale Mann, deen den Decknumm "Haurus" huet, gouf zu 7 Joer Prisong verurteelt, 2 dovunner op Sursis.

Den Ugekloten huet wärend dem Prozess zouginn, Dokumenter an Informatiounen am Darknet verkaf ze hunn, fir säi Gehalt opzebesseren.