De Vott war an der Nuecht op e Méindeg. 156 Stëmme gouf et derfir, 60 Nee-Stëmmen a 14 Enthalungen. Gesondheets- a Fleegepersonal muss sech impfe loossen.

Och Pompjeeën an aner Rettungsleit. Dat hat jo am Virfeld fir vill Protester gesuergt.

Anescht wéi vun der Regierung proposéiert, riskéieren Impf-Verweigerer an deene Beruffer awer keng Entloossung, mä si kréien awer keng Pai.

De Pass sanitaire, dat ass de franséische CovidCheck: Vun August u gëllt deen och a Caféen a Restauranten an an den Zich, déi méi wäit fueren, a bei den Dokteren, ausser an den Urgencen. D'Akafszentere sinn net zeréckbehale ginn. Kanner tëscht 12 a 17 fale bis Enn September och net drënner.

A Kinoen, Theateren oder Muséeë muss een elo schonn noweisen, ob ee geimpft, getest oder geheelt ass.