Mat dëser Mesure soll déi historesch Alstad vun Venedeg protegéiert ginn.

Déi italienesch Regierung hat dës Decisioun geholl. Deemno si Schëffer mat iwwer 25.000 Tonne Gewiicht, méi wei 180 Meter Längt an iwwer 35 Meter Héicht elo gespaart. Och Schëffer, déi verschidden Ofgas-Normen iwwerschreiden, dierfen net méi duerch de Markus-Kanal an den Giudecca-Kanal fueren.

Den UNESCO World Heritage Comité wollt déi historesch Alstad vu Venedeg eigentlech op déi rout Lëscht vun dem bedreeten Ierfgutt setzen, ma huet duerch dës Mesure elo mol nach domadder gewaart.