Hëllefsorganisatiounen hunn iwwer de Weekend méi wéi 700 Mënschen gerett, déi am Mëttelmier a Séinout gerode waren.

Dat deelt déi europäesch Organisatioun "SOS Méditeranée" op Twitter mat. D'Leit ginn den Ament op de Rettungsschëffer "Ocean Viking" a "Sea Watch 3" betreit.

Eleng d'Secouriste vun der "Ocean Viking" wieren zënter e Samschdeg zu 6 Asätz geruff ginn, dëst ënner anerem an der maltesescher Rettungszon a virun der libescher Küst. De jéngsten Iwwerliewenden wier deemno eréischt 3 Méint al.

Zënter dem Ufank vum Joer sinn no den Informatiounen vun der internationaler Organisatioun fir Migratioun schonn op d'mannst 1.146 Mënschen op hirer geféierlecher Flucht iwwer d'Mëttelmier gestuerwen. No offiziellen Zuele waren et am leschte Joer méi wéi 1.200 Doudesaffer. Experte ginn awer vun enger méi héijer Donkelziffer aus.