6 Méint nom Militärputsch am Myanmar huet d'Junta annoncéiert, datt se d'Muecht net lo mol einfach esou séier ofgëtt.

Den Ausnamezoustand gëtt verlängert a gëllt elo bis den August 2023, wéi de Chef vun der Junta an enger Usproch op der Televisioun sot. Deen Ament sollen dann och Wale sinn.

D'Arméi geet zënter Méint mat grousser Brutalitéit géint d'Géigner vum Putsch vir.  Fir zousätzlecht Leed suergen den Ament eng schwéier Wirtschaftskris an de Coronavirus.