De 4. August 2020 huet eng gewalteg Explosioun den Hafe vun der libanesescher Haaptstad an d'Wunngebidder ronderëm zerstéiert.

Nomëttes goufe Pompjeeën an den Hafe geschéckt, fir e Brand ze läschen. Kuerz no 18 Auer huet d'Explosioun ronn 220 Mënsche mat an den Doud gerappt a méi wéi 6.500 Leit goufe blesséiert. Ganz Staddeeler vu Beirut goufen deen Dag verwüüst. Nach de selwechten Owend hunn d'Autoritéiten 2.750 Tonnen Ammoniumnitrat fir d'Ongléck responsabel gemaach, déi zanter méi wéi 6 Joer "ouni Precautiounsmesuren" um Hafe gelagert waren.

Wou sinn d'Ermëttlungen drun?

1 Joer nom Virfall ass nach ëmmer kee vun de Verantwortleche viru Geriicht gestallt ginn. D'Ermëttlunge ginn duerch politesch Interventioune behënnert. Wat huet d'Explosioun verursaacht? Firwat ass den Ammoniumnitrat anscheinend vergiess ginn, obwuel e sou geféierlech war? A wie vun de responsabele Politiker a Beamte wosst dovunner? Op all déi Froe waart d'Ëffentlechkeet gespaant op eng Äntwert.

Dem Affekot Youssef Lahoud no, deen iwwer 1.000 Affer vun der Explosioun vertrëtt, hunn d'Ermëttlungen zwar schonn d'Identitéite vun e puer involvéierte Parteien opgedeckt, ma et huet een awer nach net erausfonnt, ob aner Parteien och eppes domat ze dinn hunn. De gréisste "Schwaachpunkt" vun der Enquête, sou de Lahoud, wier, dass d'Ursaach vun der Explosioun nach net gekläert ass.

Trotzdeem wieren d'Ermëttlungen "zu dräi Véierel" ofgeschloss, sou eng mam Fall vertraute Justizquell géigeniwwer AFP. Et hofft een dowéinst, d'Resultater vun der Enquête "bis zum Enn vum Joer" bekannt kënnen ze ginn, sou de libaneseschen Untersuchungsriichter Tarek Bitar.

1 Joer no den Explosiounen zu Beirut / Rep. Tim Morizet

Nei Hëllefen an Héicht vun 357 Milliounen Dollar gebraucht

Kuerz no der Katastroph zejoert goufe bei enger Donateur-Konferenz 280 Milliounen Euro gesammelt. Ma de Libanon ass op weider Hëllefen ugewisen. De Vereenten Natiounen no läit dës Zomm bei 357 Milliounen Dollar, also ëmgerechent 301 Milliounen Euro. D'Lag hätt sech nämlech bannent engem Joer weider verschlechtert, virun allem de Beräicher Educatioun, Gesondheet an Ofwaasser-Management. 60% vun der Bevëlkerung liewe mëttlerweil ënnert der Aarmutsgrenz, d'Inflatioun läit bei ronn 100%. D'Weltbank schwätzt esouguer vun der schlëmmster Wirtschaftskris zanter Mëtt 19. Joerhonnert.