Rezent Etüden hätte gewisen, dass den Impfschutz bei eeleren an deels vulnerabele Leit dacks relativ séier erëm noléisst.

Den däitsche Gesondheetsministère huet decidéiert, vu September un eeleren a vulnerabele Persounen eng drëtt Covid-Impfung mat engem MRNA-Vaccin z'offréieren.

Och Kanner a Jugendlecher vun 12 Joer u solle sech an Zukunft kënnen impfe loossen, esou d'Decisioun vun de Gesondheetsministere vun allen däitsche Bundeslänner. Esou wéilt een eng sécher Rentrée am Hierscht assuréieren.

Domat decidéiere sech d'Minister géint d'Recommandatioun vun der permanenter Impfkommissioun Stiko, déi eng Impfung bei Mannerjärege just recommandéiert, wann dës schonn aner Krankheeten hunn.