Dës Mesuren huet d'IWF-Cheffin Georgiewa e Méindeg zu Washington annoncéiert.

Rieds geet vun enger Hausse vun ëmgerechent knapp 550 Milliarden Euro. Dës Sue solle genotzt ginn, fir Entwécklungs- a Schwellelänner ze hëllefen aus der Corona-Kris erauszekommen, ouni dass dës sech zousätzlech musse verschëlden.