Wat manner Meedercher wäerte gebuer ginn, wat d'Gewaltbereetschaft a verschiddenen Deeler vun der Welt méi klamme wäert, warnen Experten.

En Dënschdeg gouf an der Fachzäitschrëft BMJ eng Studie verëffentlecht, déi sech mat de kuerz- a laangfristegen Auswierkunge vun der prenataler Selektioun vun de Geschlechter ausenanersetzt. An deem Kader huet en internationaalt Fuerschungsteam Donnéeë vun iwwer 3 Milliarde Gebuerten analyséiert a méiglech Zenarie berechent.

Bannent de leschte 40 Joer hätten d'Ofdreiwungen opgrond vum Geschlecht a ville Länner a Südosteuropa an an Asien zougeholl, sou d'Fuerscher. Als Grond gouf hei déi kulturell gepräägte Preferenz vum männlechen Nowuess genannt. Dëst kéint allerdéngs grouss Repercussiounen op déi zukünfteg Generatiounen hunn.

D'Etüd prognostizéiert, dass e Manktem u Meederchersgebuerte bis 2030 zu engem Iwwerschoss u Männer féiere kéint. En Trend, dee laangfristeg dem sozialen Zesummenhalt an enger Gesellschaft kéint schueden, warnen d'Experten. Als weider Konsequenz kéint d'Gewaltbereetschaft an de concernéierten Deeler vun der Welt klammen.

Dowéinst fuerderen d'Auteure vun der Studie besser Informatiounscampagnen an e rechtleche Kader, deen eng Gläichstellung vun de Geschlechter garantéiert.