E Grupp vun arméierte Männer hätt den Tanker "Asphalt Princess", deen ënnert dem Pavillon vu Panama fiert, iwwerfall.

Déi brittesch Autoritéite maachen den Iran fir d'Attack responsabel.

Eréischt virun e puer Deeg gouf et op dëser wichteger maritimmer Handelsroute en déidlechen Tëschefall. Zwou Persoune koumen ëm d'Liewen, wei Dronen op e Schëff geschoss hunn. Och hei gëtt den Iran responsabel gemaach.