Den ukrainesche President Selenskyj huet haut zousätzleche Schutz fir belarussesch Staatsbierger ordonéiert déi an der Ukrain am Exil sinn.

De Sträit tëscht der EU a Litauen mat Belarus ëm d'Arrivée vu Flüchtlingen un der litauescher Grenz spëtzt sech ëmmer méi zou. Minsk huet Litauen huet reprochéiert, d'Flüchtlingen, déi gréisstendeels aus dem Irak kommen, ze mësshandelen.

Bréissel a Vilnius hate virdru kritiséiert, de Belarus géif aus Revanche fir d'europäesch Sanktioune geziilt Flüchtlingen a Litauen schleisen. Iwwerdeems huet déi belarussesch Olympionickin Kristina Timanowskaja Japan verlooss fir a Polen Protektioun virum Lukaschenko-Regime ze kréien. D'Athletin, déi hir Trainer kritiséiert hat, ass haut fir d'éischt vun Tokio op Wien fir duerno vun do aus op Warschau ze reesen. Um Fluch gouf déi 24 Joer al Sportlerin vu Sécherheetsleit beschützt a vu Beamte vum éisträicheschen Ausseministère begleet. De geplangten direkte Vol a Polen war aus Sécherheetsgrënn kuerzfristeg ofgesot ginn.

Belarus hat bekanntlech viru Kuerzem eng Ryanair-Maschinn iwwert sengem Territoire gestoppt fir en Oppositionelle festzehuelen. Och hire Mann, dee sech den Ament an der Ukrain ophält, soll a Polen en humanitäre Visa kréien.