Nodeems e Mann wärend engem Vol randaléiert huet, huet d'Crew missen agräifen. Hie gouf no der Landung zu Miami festgeholl.

Videoe vum Virfall zirkuléieren zanter dem Weekend an de soziale Medien an hunn zum Deel fir gréisser Diskussioune gesuergt.

Den 22 Joer ale Mann hätt virum Fluch e puer alkoholesch Gedrénks bestallt, schreiwen US-Medien a beruffe sech dobäi op déi lokal Police. Duerno soll hien d'Personal verbal, kierperlech a sexuell belästegt hunn, e Steward gouf physesch vun him ugegraff. Nodeems e puer Mol versicht gouf, d'Situatioun ze deeskaléieren, huet een de Passagéier schlussendlech mat Pechpabeier un de Stull gefesselt. Aner Reesender hunn dem Personal gehollef, de Mann ze bändegen.

Nom Virfall huet d'Gewerkschaft vun de Stewarden a Stewardesse reagéiert a gesot, dass si hannert der Crew géinge stoen.