D'Terroruschléi vum 11. September sinn 20 Joer hier. Fir vill Leit ass d'Welt zanterhier eng aner.

Bal 3.000 Mënsche si bei den Attentater op d'World Trade Center an de Pentagon ëm d'Liewe komm. Iwwer 6.000 goufe blesséiert. D'Konsequenze si bis haut ze spieren, wéi ënner anerem och déi rezent Evenementer am Afghanistan gewisen hunn.

Temoignage mam Robert Harmsen

De Politikwëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg erkläert, wat d'Auswierkunge vun den Attentater waren a sinn.

20. Joresdag vun 9/11/Reportage Diana Hoffmann

Wéi ganz vill Leit erënnert och hie sech, wou en den Dag vum Attentat war. Wéi op sämtlechen Tëleesecranen d'Biller vun de World-Trade-Tierm an dichtem Damp ze gesi waren. De Robert Harmsen faasst seng Emotiounen vun deem Dag a Wierder. Et war eng horribel Situatioun, eng absolut Tragedie, déi hien natierlech och matgeholl a säi Liewe verännert huet.

D'Attentater hu vill Liewe kascht a fir vill Misär gesuergt. Ma se hunn och d'politesch Agenda vun de Vereenegte Staaten a villen anere Länner changéiert. Et goufe zwee grouss Impakter, op där enger Säit d'Geopolitik vun den USA an op där anerer Säit déi national Sécherheet, déi deels schonns esouwäit gaangen ass, datt déi individuell Fräiheet affektéiert gouf.

Der Menace duerch den Terrorismus wäert ee wuel ni ganz Meeschter ginn, seet de Politikwëssenschaftler. De Moment rechent hien awer net mat engem Ugrëff, dee vu bausst dem Land gesteiert gëtt. Vill méi géing eng Gefor vun extremistesche Gruppen am Land ausgoen.

A wat bleift am Rescht vun der Welt? Am Afghanistan nom Amarsch vun Amerika a sengen Alliéierten?

Genausou wéi déi Präsidente virun him géing och den Joe Biden elo probéieren, d'Welt sengem Bild no ze reorganiséieren. Kuerzfristeg wuel awer emol ouni grouss Interventiounen um Terrain. Ob eppes vun der gesellschaftlecher Evolutioun am Afghanistan bleift, misst sech nach weisen.

De Pierre Joris an d'Françoise Poos hunn deemools zu New York gelieft

Wann een d’Leit haut freet, wat si den 11. September 2001 gemaach hunn, erënnere sech déi meescht. Och d’Françoise Poos, déi den Ament do gelieft huet, an de Schrëftsteller Pierre Joris, deen zanter laanger Zäit an den USA lieft. Si temoignéiere wéi si den Dag erlieft hunn, a wéi si d’Suitte vum Uschlag wäerten.
De Pierre Joris erënnert sech:

"Ech hu geduecht, Merde, do ass eppes geschitt, well do e Fliger vum Fluchhafen aus falsch guidéiert ginn ass. An dunn, wou ech dat geduecht hunn, hunn ech gesinn, dass deen zweete Fliger erageflunn ass. Du wosst een: Nee, do ass eppes anescht, wat virgeet. An e puer Stonne méi spéit hu mer d’Biller vu Washington gesinn. Du wosste mer, datt et eng terroristesch Attack war."

Biller déi de Schrëftsteller Pierre Joris am Ufank net gleewe konnt.

Och dem Françoise Poos ass et esou gaangen. Och si huet geduecht, et wier en Accident geschitt. Iwwert de Radio an engem Buttek huet si Detailer héieren an du probéiert, hire Mann ze erreechen.

"Ech sinn net u mäi Mann komm am Ufank, well do dee ganzen Handysreseau natierlech zesummegebrach ass. Dat heescht, et war och dat déi Onsécherheet: Wat geschitt elo? Wou sinn déi aner Familljememberen drun?"

Vun deem Ament u war e Gefill vu globalem Terrorismus zu New York present. Dat an enger Stad, an där et ëmmer eng gewëssen Insouciance ginn hätt. Fir d’Amerikaner wier méi Surveillance komm, d’Fräiheete goufen ageschränkt.

De Pierre Joris seet: Den 11. September 2001 huet d’Welt verännert. Et hätt gedauert bis et eng Bün ginn ass, fir esou een wéi den Donald Trump, ma et géif en Lien zu den Evenementer ginn.

"Et huet laang gedauert, bis den Trump un de Pouvoir komm ass. Mä den Trump ass, a seng Iddien, dee Rassismus an déi Anti-Immigratiounspoliticken, dat ass  eng direkt Suitte vun 9/11."

Eng Thees, déi net iwwerall gedeelt gëtt, dacks als ze simplistesch bezeechent. Béi där Vu géinge sozioekonomesch Changementer vernoléissegt ginn. No den Attentater gouf et awer emol e Klima vun der Angscht. Haut wier awer keen Terrorismus vu baussen ze fäerten, mengt de Schrëftsteller.

D’Fro wier elo, wéi gutt d’Police d’Bevëlkerung schütze kann. Den Amarsch an Afghanistan bezeechent de Pierre Joris als Feeler. Et wier eng ignorant Approche gewiescht, ze mengen an engem anere Land eng Demokratie no amerikaneschem Model kënnen opzebauen.

9/11-Temoignagen vu Lëtzebuerger / vum Diana Hoffmann

De René Closter ka sech gutt u seng Emotiounen erënneren

Vun 1992 bis 94 huet hien zu New York an den Twin Towers geschafft. Hie war Senior Manager vun enger Bank. Seng Charge war et zu New York e Bürosgebai ze fannen, wéi hien dem Dany Rasqué an engem Interview erzielt huet.

Temoignage 9/11 René Closter / Reportage Dany Rasqué

"Ech hat e grousse Faibel fir de World Trade Center an ech hunn deemools u mengem Proposal geschriwwen "For me the World Trade Center is one of the safest places in the world."

D'Bank huet duerno um 92. Stack vun engem vun den Tierm Büroe gelount. 1993 gouf awer scho kloer, datt de World Trade Center net esou sécher war, wéi geduecht.

De 26. Februar hu sech Terroristen am ënnerierdesche Parking mat enger Camionnette an d'Luucht gesprengt.  6 Mënsche sinn deemools gestuerwen, iwwer 1.000 Leit goufe blesséiert. 6 Stonnen huet et gedauert, fir vum 92. Stack erofzekommen, erzielt de René Closter.

"Firwat? D'Sécherheetsmoossname waren deemools am World Trade Center null, absolut null. D'Trapenhaiser ware verdreckst, jiddereen huet säin ale Pabeier dohi getässelt, al Fotokopiesmaschinne stoungen do, Still stoungen do, d'Noutbeleuchtung ass net gaangen, d'Noutdiere sinn net gaangen, doduerch huet dat deemools esou laang gedauert, fir dat ganzt Gebai z'evakuéieren."

D'Konsequenz war, datt d'Sécherheetsmoossnamen drastesch verbessert goufen an dat, seet de René Closter, huet virun 20 Joer dausende Leit d'Liewe gerett.

"Ech soen haut, wann deemools net déi kleng Bomm komm wier an net dono d'Sécherheetsmoossnamen drastesch erhéicht gi wieren, da wieren dausenden an dausende vu Leit méi ëmkomm."

D'Zeene vu virun 20 Joer, huet de René Closter natierlech net vergiess.

"Et war en enormen, enorme Schock, wou ech natierlech direkt och un déi Leit geduecht hunn, déi ech nach kannt hunn aus där Zäit, wou ech do geschafft hunn."

Besonnesch beréiert hunn de René Closter, deen a senger Karriär och Pompjee war, d'Biller vun engem franséische Kamerateam, dat den 11. September 2001 an den Twin Towers war, fir e jonke Beruffspompjee ze begleeden, deen deen Dag ugefaangen huet ze schaffen.

"Dat Team huet gefilmt, ënnen an der Receptioun vum Headquarter am Tuerm 2, wou ech all Dag eragaange sinn. Déi Receptioun, wou ech all Dag derlaanscht gaange sinn. Ech hunn dee Film, deen dono produzéiert gouf, e puer Mol gekuckt an ech denken ëmmer nach mat ganz groussen Emotiounen un déi Pompjeeën, déi se do gefilmt hunn. Déi Pompjeeën, déi do an d'Gebai eragaange sinn, et gesäit een an hire Gesiichter, datt déi wossten, datt se net méi géifen erëmkommen. Dat ass eppes, wat mech bis haut ëmmer nach enorm beréiert."

Entretien mam Hubert Védrine

De franséischen Ausseminister vun 2001 war an der Regierung vum deemolege Premier Lionel Jospin ënnert dem President Jacques Chirac, wou am September d'USA vun Al-Qaida attackéiert goufen. Den Hubert Védrine war en Donneschdeg zu Lëtzebuerg an de Petz Bartz hat d’Geleeënheet, mam renomméierte Geopolitiker iwwert d'Evenementer aus deene leschten 20 Joer ze schwätzen.

Et war d'Management- a Consultingagence BSPK, déi den Hubert Védrine op Lëtzebuerg invitéiert hat. Geopolitik ass och eng wichteg Inspiratioun fir Cheffe vun Entreprisen an Decideuren, wann et drëms geet, sech strategesch an enger globaliséierter Welt ze positionéieren.

Den Hubert Védrine huet zu Lëtzebuerg och säin neit Buch virgestallt, den Dictionnaire amoureux de la géopolitique. D'Biller vum 11. September sinn Deel vun der kollektiver Memoire vun der ganzer Welt, mä fir Geopolitiker waren déi Attentater wäit manner relevant, wéi se op all Joresdag ëmmer erëm gemaach ginn.

Den Hubert Védrine souz mat un den Hiewele vun der Weltpolitik 2001. Deemools war nach net kloer, dass eng Invasioun géif zu engem 20-järege Krich féieren a Welle vun islamisteschem Terror. Nom Intermezzo vu Washington am Noen an am Mëttleren Osten hätt sech awer d’Aussepolitik vun den USA an och vun der EU grondleeënd geännert.

Et steet fir den Hubert Védrine ausser Fro, dass mussen diplomatesch Kontakter mat den Taliban bestoe bleiwen. Déi Moud vun der Realpolitik ënnert dem Trump gëtt zu Washington vum Joe Biden weider gefouert. D’EU wäert wuel oder iwwel nozéien.

Juncker, Polfer an Asselborn: Hir Erënnerungen un 9/11

D'Kolleege vum 5Minutes hu mam fréiere Premier, der fréierer Ausseministesch an dem deemolege Chef vun der LSAP iwwer hir Erënnerunge vum 11. September geschwat.

De Jean-Claude Juncker souz a sengem Büro, wéi e Mataarbechter ouni unzeklappen an de Büro koum huet an him gesot huet, hie soll d'Tëlee umaachen. Änlech war et bei der Lydie Polfer, déi an hirem Büro souz an am gaange war, e Kaddo fir hir Duechter, déi den 11. September Gebuertsdag hat, ze verpaken, wéi och si et vun engem Mataarbechter gewuer gouf.

Wéi si dunn op der Tëlee gesinn hunn, wéi och en zweete Fliger an de World Trade Center geflunn ass, huet de Jean-Claude Juncker d'Ausseministesch an de Verdeedegungsminister bei sech geruff. Vun deem Ament war et kloer, datt et sech hei net ëm en Accident gehandelt huet. Un dee Moment an déi Stonnen dono erënnert sech och d'Lydie Polfer: "Et war e wierklech irrealen Ament".

Hire Chef war zu deem Ament mat den aneren europäesche Staatscheffen, Chirac, Schröder, Blair, ... um Telefon.

De Jean Asselborn, aktuellen Ausseminister, gesäit um 11. September, datt Gewalt nach méi Gewalt ervirbréngt. Zanter den Attacken vun New York 2001 gouf et 20 Joer vu fierchterlech Gewalt, vu terribelen Dramaen. Fir d'Lescht gesinn virun e puer Deeg um Flughafen zu Kabul, esou de Jean Asselborn. De ganze Reportage fannt der bei de Kolleege vu 5Minutes.