De Sampaio war jo d'lescht Woch am Alter vun 82 Joer gestuerwen.

Bei der Zeremonie war de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn derbäi, fir de Grand-Duché ze vertrieden. Aner Gäscht waren de spuenesche Kinnek Felipe oder den UNO-Generalsekretär Guterres.

De Sampaio stoung 10 Joer laang, als President un der Spëtzt vu Portugal.