Wéi scho bei der éischte Kéier hunn d’Spectateure fonnt, dass den Olaf Scholz de beschten Androck vun den 3 gemaach huet.

Triell - E Reportage vum Pit Everling

Zwou Woche virun de Bundestagswale war e Sonndeg den Owend en zweeten TV-Triell vun den 3 Spëtzekandidate fir d’Relève vum Angela Merkel als nächst Kanzlerin oder Kanzler ze iwwerhuelen.

D’Annalena Baerbock, den Olaf Scholz an den Armin Laschet hu sech bei der vun ARD an ZDF moderéierter Ronn, ewell méi dacks perséinlech attackéiert.

Kee wollt awer eng Ausso iwwert Präferenze maachen, wat eng méiglech Koalitioun ugeet. Eens sinn déi 3 sech just, dass keen eppes mat der AfD wëll ze dinn hunn.

Nächste Sonndeg ass eng drëtt TV-Ronn vun den 3 Kandidaten an deem Format.

Wie vun den 3 Kandidate koum am beschten un?

Den Olaf Scholz huet éischten Ëmfroen no och den zweeten Triell fir sech entscheet. Bei engem Sondage vun "infratest dimap" soten 36% vun de Leit, datt de Sozialdemokrat am meeschten iwwerzeegt huet, den Armin Laschet an d'Annalena Baerbock kruten allebéid 25% vun de Stëmmen.

Den Olaf Scholz huet d'Leit, wéi et ausgesäit, bei der Kompetenz besonnesch iwwerzeegt, d'Annalena Baerbock an der Kategorie „Sympathie“, speziell op deem Punkt schneit den Armin Laschet iwwregens net all ze gutt of.