D'Metall ass haut sou deier, wéi zanter 13 Joer net méi, mat 3.000 Dollar fir eng Tonn.

De Militärputsch am Guinea huet en Impakt op den Aluminiumspräis. De westafrikanesche Staat ass räich u Bauxit, aus deem den Aluminium gewonne gëtt.