Ugeklot ass domadder e fréiere enke Mataarbechter vum franséische President Emmanuel Macron.

Zu Paräis huet e Méindeg de Mëtteg de Prozess géint de fréiere Chargé de mission vum Elysée Alexandre Benalla ugefaangen, dat a Presenz vum Ugekloten. Dem Benalla gëtt reprochéiert, Gewalt um Bord vun enger 1. Mee-Manifestatioun 2018 ugestëft ze hunn.

Den 30 Joer ale fréieren enke Mataarbechter vum President Macron muss sech iwwerdeems wéinst onéierlechem Gebrauch vun Diplomatepassen a vun engem Déngschtpass a wéinst dem Droe vun enger illegaler Waff veräntwerten. De Prozess geet bis den 1. Oktober.