Eng Lëtzebuerger Delegatioun ronderëm de Kooperatiounsminister Franz Fayot huet sech en Dënschdeg e Bild vun der Situatioun op der Plaz gemaach.

Eng vu 15 Persounen, déi a Jordanien liewen, ass aus engem anere Land geflücht. Den Ament zielt d’Land am Noen Osten 3 Millioune Refugiéen, haaptsächlech aus Syrien an de besate palestinensesche Gebidder. Den Azraq-Camp ass ee vun deene gréissten am Land, eng 40.000 syresch Refugiéë sinn hei ënnerbruecht.
D'Lëtzebuerger Delegatioun ronderëm de Kooperatiounsminister Franz Fayot huet sech en Dënschdeg e Bild vun der Situatioun op der Plaz gemaach. Eng 5 Stonnen ass een duerch de Camp gaangen. Opgefall sinn do déi vill kleng Kanner. Si sinn am Camp gebuer. Ma och méi al Kanner kennen dacks net wierklech e Liewen ausserhalb vum Camp. Den Nasrallah ass 12 Joer al a lieft zanter 6 Joer hei: "Mir léieren hei Arabesch, Mathé an och Englesch."

De Schoulsystem am Camp ass deen nämmlechte wéi a ganz Jordanien. D’Kanner kënnen also hei och mam nämmlechten Diplom ofschléissen, theoreetesch. Dacks wier nämlech d’Motivatioun bei deene Jonken net do, well et ganz einfach u Chancë fir d’Zukunft feelt.

Den Noor Elkhairy vum Norwegian Refugee Council leet de Schoulprogramm: "Nëmme 5 Prozent vun de Syrer ginn duerno op d’Uni, well sou wéineg finanziell Mëttel disponibel sinn. Mee wann d’Kanner hei d’Schoul ofschléissen, da kënne si u sech mat deem Diplom schaffe goen oder op d’Uni. De Problem ass, dass dës Kanner déi Chance ganz einfach dacks net hunn."

Eng Perspektiv bidden, dat wier déi gréissten Erausfuerderung an de Campen hei. D’Hëllefsorganisatioun Care, déi och vun der lëtzebuergescher Regierung ënnerstëtzt gëtt, organiséiert dowéinst Aktivitéite fir Kanner an Erwuessener an och eng psychologesch Betreiung.

De Malek A. Abdin vu Care International Jordan: "Déi meescht vun eisen Aktivitéite sollen de Leit Hoffnung ginn. An hinne weisen, wéi si hir Talenter an der Gesellschaft kënnen asetzen. Mee trotzdeem muss ee soen, Angscht an aner psychologesch Problemer, well einfach d’Perspektiv feelt, gesäit ee vill, wann een hei ronderëm geet."

D’Refugiéen hunn zwar d’Méiglechkeet, am Camp ze schaffen, wéi zum Beispill an dësem Supermarché. Nëmmen déi mannste kënnen awer vun esou enger Offer profitéieren.

Den Ali Abdulrahman Mustafa Al Mousa: "Dat heiten ass eng gutt Geleeënheet fir mech, well et ginn net esou vill Méiglechkeeten, fir am Camp ze schaffen."

Och wann d’Optioune limitéiert sinn, bitt d’Aarbecht vun den Hëllefsorganisatiounen op d'mannst Sécherheet an e gereegelten Alldag.

D'Leit am Camp sinn ofhängeg vun der internationaler Hëllef. Virun allem déi nächst Generatioun.

Lëtzebuerger Delegatioun a Jordanien / Monica Camposeo