Am Kader vum "live-fire military exercise", deen all Joer am Taiwan organiséiert gëtt, goufe verschidde Stroosse fir Manövere gespaart.

An dësem Exercice simuléiert den Taiwan eng méiglech Invasioun vum Noper China. Dat demokratescht Land fäert dauernd vu China ugegraff ze ginn, well Peking nach ëmmer d'Insel als eegenen Territoire gesäit.

An de leschte Joren huet China ëmmer nees Kampffligeren, déi zum Deel mat nukleare Waffen ausgerëscht hätte kéinte sinn, an den taiwanesche Loftraum geschéckt.

E Mëttwoch de Moien huet, fir sech op esou eng Situatioun virzebereeden, am Taiwan dunn déi järlech Übung ugefaangen, ënner anerem si Fliger a Kampfjetten op der Autobunn bei Pingtung gelant. Domadder wëll een d'Fäegkeete vun de Piloten testen. Op fënnef verschiddenen Autobunnen am Land ass dëst méiglech, well dës extra esou gebaut goufen, fir déi Manöver kënnen duerchzezéien.

RTL

© AFP

Falls China den Taiwan militäresch wéilt anhuelen, wäert dëst e bluddegen a laange Krich ginn. Ma China, déi hiert Militär an de leschte Joren opgestockt hunn, mécht kee Geheimnis draus, datt fir si eng Invasioun vum Taiwan géif a Fro kommen. D'USA hu China och scho méi dacks virun esou engem Schrëtt gewarnt.