Zanter Deeg sëtzen d'Leit an der texanescher Stad Del Rio fest.

D'Situatioun ass immens ugespaant. Grenz-Poliziste si mat Päerd géint d'Refugiéë virgaangen. Déi meescht vun hinne kommen aus Haiti, wou se wéinst dem Äerdbiewen ouni Pabeieren ënnerwee an d'USA sinn.

D'Regierung huet 600 Männer a Frae vun der Homeland Security op d'Plaz geschéckt. Ausserdeem goufen Deportatiouns-Flich organiséiert, déi d'Leit erëm zeréck an Haiti brénge sollen. Eng 400 Leit goufe sou schonn an d'Haaptstad Port-au-Prince zeréckgeschéckt, wéi d'Noriichtenagence Reuters vun der Plaz gemellt huet