De franséische President Emmanuel Macron an den US-President Joe Biden hu mateneen telefonéiert.

Paräis schéckt säin Ambassadeur d'nächst Woch nees zréck op Washington. Dat hunn den Elysée an d'Wäisst Haus annoncéiert, nodeems den Emmanuel Macron an den Joe Biden mateneen telefonéiert hunn.

Déi zwee Presidente wëlle sech elo och Enn Oktober an Europa gesinn, fir iwwert eng zukünfteg strategesch Zesummenaarbecht ze schwätzen. Hannergrond ass e Milliarden-Euro-schwéieren Deal fir U-Booter ze kafen, deen Australien mat Frankräich hat a platze gelooss huet, fir amplaz nuklear-bedriwwe Maschinne vun den USA a Groussbritannien ze kafen.