Déi finanziell Problemer vum chineseschen Immobilie-Gigant Evergrande suergen a China, mä och soss op den Aktiemäert, fir grouss Alarmbereetschaft.

Eng Faillite vum Konzern kéint de Wuesstem vu China séier bremsen. Wéi en Impakt dat global kéint hunn, weess een net. Onkloer ass och wéi Peking géif reagéieren, ob China de Betrib géif mat staatleche Suen retten oder net.

E Mëttwoch huet den Immobiliekonzern fir e bësse Berouegung gesuergt, andeems annoncéiert gouf, datt ee knapp 36 Milliounen Dollar Zënse wéilt pünktlech bezuelen.

D'Fro bleift awer, ob d'Scholden, déi an den nächsten Deeg fälleg ginn, bezuelt kënne ginn. Dat si bal 84 Milliounen Dollar eleng dësen Donneschdeg.

RTL