De Wee an de Pub hätt just fënnef Minutten dauere sollen, mee do koum déi 28 Joer al Joffer ni un. Elo huet sech och d'Politik ageschalt.

Ronn een halleft Joer nom Mord un der Londonerin Sarah Everard, deen an der englescher Haaptstad fir grouss Protester gesuergt hat, ass nees eng jonk Fra dout opfonnt ginn. Déi 28 Joer al Schoulmeeschterin war warscheinlech um Wee fir an e Pub, wou si vun engem Onbekannten ëmbruecht gouf. Dat sot d'Police zu London den Donneschdeg an engem Statement. D'Fra war de Freidegowend verschwonnen. Hir Läich gouf de Samschdegmëtteg an engem Park fonnt, deen op dem Wee tëscht hirer Wunneng an dem Pub läit, wou si sech mat enger Frëndin hätt sollen treffen.

Hire Wee hätt "e bësse méi wéi fënnef Minutten dauere sollen, mee si ass ni un hirem Zil ukomm", esou de Chefermëttler Joe Garrity. D'Noperschaft wier zu Recht vum Mord schockéiert. Eréischt am Mäerz hat de Mord vun der 33 Joer aler Sarah Everard fir Opreegung gesuergt.

RTL

Den Doud vum Sarah Everard hat zu London fir grousst Matgefill gesuergt. / © afp

Si war zu London um Wee vun enger Frëndin Heem verschwonnen. E Londoner Polizist hat de Mord um Sarah Everard schliisslech gestanen. No der Dot si vill Londoner géint Gewalt u Fraen op d'Strooss gaangen.

Déi brittesch Inneministerin Priti Patel op Twitter matgedeelt, si géing sech all Dag iwwert Neiegkeeten am Fall briefe loossen. De Buergermeeschter vu London, de Sadiq Khan, huet iwwerdeems vun enger "Epidemie" geschwat. Bannent engem Joer wiere landeswäit 180 Frae vu Männer ëmbruecht ginn.