De fréiere katalanesche Regierungschef Carles Puigdemont soll nees op fräiem Fouss kommen.

Der italienescher Noriichtenagence "Ansa" no hätt eng Riichterin op Sardinien dem Carles Puigdemont seng Fräiloossung elo decidéiert.

D'Verhaftung den Donneschdeg den Owend opgrond vun engem europäeschen Haftbefeel wier zwar rechtlech gesi richteg gewiescht. Ma de Parquet géing kee Grond gesinn, de Puigdemont aus Sécherheetsgrënn am Prisong oder ënner Hausarrest ze setzen, dofir géing en nees fräi kommen.

Elo soll decidéiert ginn, ob hien u Spuenien ausgeliwwert gëtt oder net. Bis dohinner dierf hie Sardinien net verloossen.
Spuenien hat en internationale Mandat d'arrêt erlooss, nodeems de Puigdemont am Hierscht 2017 géint de Wëlle vun der Zentralregierung kuerzzäiteg d’Onofhängegkeet vu Katalounien ausgeruff hat. Zanterhier lieft hien an der Belsch a war bis Mäerz duerch seng Immunitéit als Europa-Parlamentarier geschützt.