Dat hunn d'Taliban, déi d'Land jo iwwerholl hunn, e Freideg annoncéiert.

Am Afghanistan hunn d'Taliban annoncéiert, datt Exekutiounen an Amputatiounen nees agefouert ginn.

De Chef vum Prisongssystem, a fréiere Chef vun der reliéiser Police, Mullah Nooruddin Turabi sot géigeniwwer der US-amerikanescher Noriichtenagence "Associated Press", Hänn ofhake wier noutwenneg fir d'Sécherheet.

Dës Zort vu Bestrofunge géingen awer net onbedéngt ëffentlech ausgedroe ginn, wéi d'Taliban et wärend hirem Regime an den 90er Jore gemaach hunn, sou den Turabi, dee Kritik dorunner awer zréckgewisen huet: "Kee kann eis soen, wat eis Gesetzer solle sinn."

Geflüchten Afghane maache sech Suergen ëm Famill

D'Mënschen, déi net konnten aus Kabul ausgeflunn ginn, liewe wéinst den Annonce weider an Angscht. Och d'Leit, déi op Lëtzebuerg evakuéiert goufen, maache sech Suergen ëm hir Familljen, déi nach an Afghanistan sinn. De Ryck Thill huet mat zwee jonken Männer, déi geflücht sinn, iwwert hier Situatioun geschwat.