Am Zuch vu Köln a Richtung München gouf e Mann beklaut, dee wärend der Faart geschlof hat.

Wéi de 44 Joer ale Passagéier seng Aen nees opgemaach hat, war säi Bild verschwonnen. E Konschtwierk, dat e Wäert vu ronn 25.000 Euro huet. Wéi et vun der Bundespolizei heescht, war hien um Wee op eng Auktioun.

De Kënschtler huet eng Plainte bei der Police gemaach. D'Kameraiwwerwaachunge vun der Münchener Gare goufen ausgewäert, ma et goufen awer nach eng Hiweiser op een oder e puer Täter.