De franséische Geschäftsmann ass e Sonndeg am Krees vu senger Famill un enger laanger Kriibserkrankung gestuerwen.

Roby Langers iwwer Bernard Tapie / Reportage Franky Hippert

De Bernard Tapie gouf de 26. Januar 1943 zu Paräis gebuer. De franséische Geschäftsmann war ënnert anerem Besëtzer vum Futtballveräin Olympique Marseille, dat vun 1986 bis 1994. Vun 1990 bis 1993 war den Tapie ee vun den Haapt-Besëtzer vun Adidas.

Weider war de Bernard Tapie och an der Politik aktiv, dat souwuel op nationalem Plang wéi och am Europäesche Parlament.

Nom 5. Ligatitel mam Olympique Marseille huet den Tapie och Negativschlagzeile geschriwwen, dat well Korruptioun am Raum stoung. Den Titel gouf dunn oferkannt an de Bernard Tapie ass zu 8 Méint Prisong verurteelt ginn.

A senger Zäit bei Marseille wollt den Tapie och e Lëtzebuerger an de Veräin kréien, dëst war de Roby Langers, deen 1993  fir Nice gespillt huet. "Dat war déi Saison wou ech 22 Goaler geschoss hunn. Do wollt hie mech gär mam Jean-Pierre Papin associéieren. Ech wier gär gaangen, mäe dat huet leider net geklappt. Nice hat en ze héijen Transfert gefrot, well et den Bernard Tapie war, well et de räichen Mann war vu Marseille an dowéinst huet dat net geklappt. Et ass schued well et eng Saach gewiergt déi mir Spass gemaach hätt, zemools well Si dat Joer duerno d’Coupe d’Europe, also d’Champions League, gewonnen hunn."

RTL

© AFP (Archiv)

Och wann den franséischen Geschäftsmann net ëmmer fir positiv Iwwerschrëfte gesuergt huet, goufe beim Stadion vun Marseille Blummen néiergeluecht fir dem Tapie ze gedenken. „Si nennen en elo nach de Boss. Ech hunn virdrun zu Marseille gespillt awer an der zweeter Divisioun, do hat nach keen vum Bernard Tapie geschwat. Am Stade Vélodrom hu mir virun 8.000-10.000 Leit gespillt. Zwee Joer duerno ass den Bernard Tapie op Marseille komm an wann een da kuckt, wat hien aus dem Veräin gemaach huet, da versteet een wisou en nach de Boss genannt gëtt.“