D'Metropolitan Police a London wäert keng Ermëttlunge géint de Prënz Andrew ophuelen, wéi de Méindeg bekannt ginn ass.

D'Police zu London wäert a Verbindung mam Mëssbrauchsskandal ëm den US-Millionär Jeffrey Epstein keng Ermëttlunge géint de Prënz Andrew, den zweete Jong vun der Kinnigin Elizabeth II, ophuelen. Wéi d'BBC aus enger Policematdeelung zitéiert, hätten d'Beamte vun der Metropolitan Police am Kontext mat enger Zivilklo an den USA en Dokument iwwerpréift. "Dës Iwwerpréiwung ass ofgeschloss a mir wäerte keng weider Moossnamen ergräifen."

Eréischt am August hat d'Londoner Policecheffin Cressida Dick ugekënnegt, d'Virwërf vun enger Fra aus den USA géint de Prënz Andrew iwwerpréiwen ze wëllen. "Kee steet iwwert dem Gesetz", hat si deemools gesot.

Déi haut 38 Joer al Virginia Giuffre geheit dem Prënz Andrew vir, si am Alter vu 17 Joer sexuell mëssbraucht ze hunn. Si wier deemools vum Jeffrey Eptein a senger Partnerin Ghislaine Maxwell quasi als Sexsklavin mëssbraucht sinn. De Prënz Andrew war ee Kolleeg vum Jeffrey Epstein, huet d'Virwërf géint sech awer ëmmer zeréckgewisen.