Déi meescht genotzten Drog, déi schonn den amerikaneschen Urawunner fir Ritualer gedéngt huet, soll scho Joerzéngte méi laang consomméiert gi wéi ugeholl.

D'Mënschen hunn Tubak schonn zanter op d'mannst 12.000 Jore benotzt an domat scho vill méi laang wéi bis ewell bekannt. Dat schléisse Fuerscher aus Ausgruewungen an der Grousser Salzwüüst am Nordweste vum US-Bundesstaat Utah. Hei hu si an enger 12.300 Joer aler Feierplaz nieft Geschier an Déiereschanke véier Stécker verkuelten Tubaksom fonnt. Dee fréiste Beweis fir d'Notzung vun Tubakplanzen (Zort Nicotiana) an Nordamerika war bis e well 3.000 Joer al.

D'Entdeckung beleet, datt schonn déi fréier Bewunner vum Kontinent d'Eegenschaft vun der Planz erkannt a genotzt hunn, schreift d'Team vun der Far Western Anthropological Research Group. Vun alle psychoaktive Substanzen hätt Tubak besonnesch grouss sozial a wirtschaftlech Bedeitung gehat, betount de Grupp a verweist och op déi grouss global Verbreedung. Virun allem bei den nordamerikaneschen Urawunner wier dee rituellen, medezineschen a sozialen Notze vun der Planz déif verwuerzelt. Besonnesch bei de Bewunner vum "Grousse Baseng", zu deem och d'Feierplaz zielt, wier se enk mat de schamanistesche Praktike verbonnen.

Bis ewell eelste Beweis ass 3.300 Joer al

Wéi wäit dës Traditioun zeréckreecht, war bis e well onkloer. Dee bis elo eelste Beweis fir d'Tubaknotzung war eng 3.300 Joer al Päif mat Tubakréckstänn, déi am Südoste vun den USA entdeckt gouf. Zwar sinn an där Regioun bis zu 5.000 Joer al Päife fonnt ginn, allerdéngs ouni Spuere vun der Planz. Och a Südamerika reecht d'Tubaknotzung de Fuerscher no op d'mannst 3.000 Joer zeréck.

Am Géigesaz dozou kënnt déi aktuell Entdeckung aus enger Zäit, wéi de Kontinent nach net besidelt war. Aktuellen Informatiounen no sinn déi éischt Mënsche viru ronn 16.000 Joer iwwer d'Beringstrooss an Amerika komm. Deen nei entdeckten Tubaksom kënnt vun enger Plaz, wou virun 12.300 Joer eng Grupp Jeeër a Sammler gelieft hunn. Deemools war do nach keng Wüüst, mä eng grouss Supp.

Nieft Réckstänn vun als Brennholz genotztem Weedenholz hunn d'Fuerscher Iwwerreschter vu Geschier souwéi méi wéi 2.000 Spuere vun Déiereschanke fonnt. Dëst virun allem vun Waasservullen. Den Tubaksom gehéiert warscheinlech zu enger Zort, déi Keelt an Dréchent gutt verdréit. Well d'Planz net a fiichte Géigende wiisst, ginn d'Fuerscher dovun aus, datt d'Mënsche Blieder oder Bléie matbruecht hunn. De Som, an deem selwer keen Nikotin dran ass, ass deemno nëmme vun den eigentlech genotzte Planzendeeler zeréckbliwwen.

Gebraucht oder geknat

Wéi d'Mënschen den Tubak deemools genee genotzt hunn, ass allerdéngs onkloer. Jiddefalls war d'Fëmme vun Tubak méi spéit wäit an Nordamerika verbreet. Et kéint awer och sinn, datt d'Planzendeeler geknat goufen. D'Urawunner vun Nordamerika hunn 8.000 bis 10.000 Joer laang wëllen Tubak benotzt. Eréischt dono hu verschidde Gruppen ugefaangen, d'Planze selwer unzebauen.