D'Missioune géifen net nëmmen zu Muskel- a Schankeschwund féieren, mä och Schied am Gehier hannerloossen. Dat konnt elo mat Blutttester confirméiert ginn.

Fuerscher vun der Ludwig-Maximilian-Uni München hunn en Dënschdeg matgedeelt, datt Blutttester bestätegen, datt Laangzäit-Missiounen am All dem Gehier schueden. Scho virdrun haten Hierscanner vun Astronauten änlech Resultater gewisen.

Zesumme mat Wëssenschaftler vun der schwedescher Uni zu Göteborg a russesche Kolleegen hunn d'Fuerscher elo eng éischte Kéier mat héichmoderne Blutttester d'Gehierstruktur, virun an nodeems Astronauten aus dem All rëmkomm sinn, analyséiert. Déi fënnef Kosmonaute waren am Schnëtt 169 Deeg u Bord vun der internationaler Raumstatioun ISS.

D'Resultater géifen op eng liichtgradeg, awer unhalend Gehierblessur an een acceleréierten Alterungsprozess vum Gehier beim Réckfluch op d'Äerd deiten. Dobäi schéngen all relevant Geweebeaarte betraff ze sinn.

Als klineschen Hiweis fir neurologesch Folge vun enger laanger Openthaltszäit am Weltall si bis ewell nëmme Changementer bei der Vue vun Astronauten z'erkenne gewiescht. An der Etüd konnte Fuerscher noweisen, datt sëllege Proteinne fir d'Alterungsprozesser an d'Verletzunge vum Gehier direkt no der Landung op der Äerd däitlech geklomme sinn.

D'Ursaach dofir kéint ee gestéierten Offloss vum veenéise Blutt aus dem Kapp wéinst der "Schwerelousegkeet" sinn, dee mat der Zäit zu enger Hausse vum Drock am Nervewaasser féiert. Éier d'Astronauten eng Rees op de Mars plangen, si weider Etüde fir Mesurë géint d'Hausse vum Drock am Kapp noutwenneg.