D'Land huet Symboler vum Christoph Kolumbus ewechgeholl, fir déi einheimesch Vëlker, déi ënner der spuenescher Kolonialzäit gelidden hunn, ze éieren.

En Dënschdeg ass den nationale Feierdag a Spuenien fir de Joresdag vun der "Entdeckung" vun Amerika duerch de Kolumbus am Joer 1942. A Mexiko schwätzen d'Autoritéiten allerdéngs vum "Dag vun der plurikultureller Natioun".

De Christoph Kolumbus an eng Statu vun him stinn am Mëttelpunkt vun enger landeswäiter Debatt a Mexiko iwwer den staatlechen "Indigenismo". Also d'Politik fir d'Fërderung vun enger méi staarker Roll vun der indigener Bevëlkerung an der Gesellschaft.

Virun engem Joer gouf d'Statu vum Admirol vu Genua vun hirem Sockel op der Plaz zu Mexiko City erofgeholl, dee säin Numm dréit. Amplaz hu Feministinnen d'Figur vun enger Fra opgestallt, déi mat zouener Fauscht op d'Glas- a Stolhéichhaiser vum "Paseo de la Reforma" weist. Eng breet Allee, déi de mexikanesche Kapitalismus verkierpert. Donieft hu se d'Plaz op "Plaz vun de Fraen, déi kämpfen" gedeeft.

Och de Kolumbus wäert net op säi Sockel zeréckkommen. D'Statu soll duerch eng einheimesch Fra aus der Olmeken-Zivilisatioun ersat ginn, déi vun 1.500 bis 400 v. Chr. gebléit huet. Déi nei Statu soll fënnef Joerhonnerten "einheimesche Widderstand" representéieren, esou d'Buergermeeschtesch vun der Stad.

Déi sechs Meter héich Statu vum franséische Sculpteur Charles Cordier, déi 1877 erriicht gouf, gëtt de Moment restauréiert, éier se an de gehuewene Véierel "Polanco" kënnt. Si ass Deel vun enger Politik vun der Unerkennung vum Trauma, deen den indigene Vëlker fir fënnef Joerhonnerten duerch d'Europäer ugedoe gouf.

Ma déi pro-indigene Politik huet och a Mexiko hir Géigner. Verschidde Kritiker soen, datt symbolesch Schrëtt schéin a gutt wieren, mä haart politesch Decisiounen, déi der einheimescher Bevëlkerung hëllefen, méi erreechen géifen.