E "bedeitende Moment an der Geschicht" vu Frankräich: Den Hubert Germain, dee géint d'Nazie gekämpft huet, ass am Alter vun 101 Joer gestuerwen.

Den Hubert Germain war dee leschte vun den am Ganzen 1.038 "Compagnons de la Libération", deen nach gelieft huet. A Frankräich ginn "d'Campagnons de la Libération", ënnert deene sechs Frae sinn, als "Helden" veréiert. Dëst ass och deen héchsten Titel, dee vum Generol Charles de Gaulle fir den Asaz fir d'Liberatioun vu Frankräich vun den Nazie vergi gouf.

De Germain, deen de 6. August 1920 als Bouf vun engem Kolonialoffizéier gebuer gouf, huet sech als ee vun deenen Éischten de fräie franséischen Ënnerstëtzer (Forces françaises libres, FFI) ëm de Gaulle ugeschloss. Hie gouf fir ee "Panzerkreuzer", e Krichsschëff, agedeelt. Hei ass hien als Marinnoffizéier ausgebilt ginn an huet sech un der Loftofwier géint däitsch Attacke bedeelegt.

Vun 1941 un huet hien am Noen Osten gekämpft. Vir t'éischt am Palästina, méi spéit a Libyen. No Kämpf an Ägypten, Tunesien an Italien gouf hie blesséiert op Neapel bruecht, wou de Gaulle hien 1944 mam Titel "Compagnons de la Libération" geéiert huet.

Nom Krich huet den Hubert Germain am Chimiessecteur geschafft a sech politesch engagéiert. Virop als Buergermeeschter vun der Gemeng Saint-Chéron südlech vu Paräis, an de 60er Joren dann als Deputéierten am Nationalcomité fir déi gaullistesch Partei "Union pour la Nouvelle République". An de 70er Jore gouf hien ënnert dem President Georges Pompidou Postminister a méi spéit Minister fir d'Zesummenaarbecht mam Parlament.

De Germain gëtt um "Mont Valérien" westlech vu Paräis begruewen, wou Frankräich seng "Märtyrer" éiert. De President Emmanuel Macron wäert un den Trauerfeierlechkeeten den 11. November am Arc de Triomphe zu Paräis an um "Mont Valérien" deelhuelen.