Viru ronn engem Joer sinn Uschëllegunge géint Beamte wéinst rietsextremer Gesënnung bei der Police an Nordrhein-Westfalen opkomm.

Wéi den Inneministère am Bundesland bestätegt, hätt sech dee Verdacht an 53 Fäll verhäert. Wärend eng ganz Rei Affären nach musse gepréift ginn, wieren déi 53 Dossiere scho fäerdeg gepréift a Konsequenze wiere gezu ginn.

2020 hat et an Nordrhein-Westfalen eng Rei vu Perquisitioune ginn, nodeems rietsextrem Chats ënner Poliziste publik goufen. Den Inneminister Herbert Reul hat deemools vun Texter, Fotoen a Videoe geschwat, déi "héichgradeg friemefeindlech", "mënscheveruechtend" an "antisemittesch" gewiescht wieren. Och den Adolf Hitler wier an deenen Chatverleef verherrlecht ginn.

An deene meeschte Fäll hat d'Resultat vun den Ermëttlunge virun allem Konsequenzen op d'Beschäftegung vun deene Betraffenen: Sechs Persounen, bei deene sech de Verdacht bestätegt huet, si vun hirer Plaz als Kommissär an der Léier entlooss ginn.

Et gouf zwou weider Kënnegungen an dräi Verwarnungen, wéi scho virun e puer Wochen aus dem Inneministère ze héiere war. Strofrechtlech sinn déi betraffe Polizisten allerdéngs gréisstendeels ouni grouss Problemer dervu komm, well d'Justiz d'Chats als privat Kommunikatiounen agestuuft huet.

A 84 Fäll hätt sech de Verdacht op Rietsextremismus allerdéngs net bestätegt, esou den Inneministère. 138 vun den 275 Fäll, déi d'Police an Nordrhein-Westfalen tëscht 2017 a September dëst Joer gemellt hat, mussen nach iwwerpréift ginn.